Ween as Loor-Hypnose?
Mäin Numm as Annemie Loor
Duerch meng joërelaang Erfahrung als Infirmière, wees ech, dass een niewent dem Kierper och d´Psych vum Mënsch nët vernoléissegen soll. Konflikter am Ennerbewosstsäin tauchen oft als kierperlech Symptomer op, déi awer keng medizinesch Ursaach hun.
2020 hun ech an der Hypnosetherapie meng Léisung fonnt, fir meng Clienten och an hirer mentaler Gesondheet ze ënnerstëtzen. Vun do un koumen eng Rei Spezialisatiounen an Formatiounen derbäi, déi mer erméiglechen, meng Clienten kompetent an hirem Heelungsprozess ze begleeden.
Säit 2023 sin ech ausgebilten Mesmeristin. Den Mesmerismus as d´Kinneksdisziplin vun der Hypnosetherapie. Hei ëmgeet een den rationalen Verstand vum Client an ët wierkt direkt op d´Blokadenzentren. Ouni ze schwätzen an och ouni Problematik vum Client ze kennen, kann ech sou mam Client séier an efficace säin Ziel erreechen.
Duerch meng berufflech Karriär hun ech mech virun allem op medizinesch Probleemer fokusséiert:
- Schmerzen
- Suchtproblematik
- Depressiounen
- Phobien an Ängschten
- Burnout
- Hauterkrankungen
- Blokaden (kierperlech, mee och Lernblokaden, Sportsblokaden,…)
- asw.
Empathesch an kompetent begleeden ech all Client op sengem Wee a senger Vitesse an mat der Technik déi bei hien passt.
Sou eenzegarteg wéi meng Clienten sin, sin och meng Behandlungen.
Meng Formatiounen
- zertifizéiert Hypnosetherapeutin bei National Guild op Hypnotists
- Zertifizierte Hypnosis Institute Absolventin
- Mesmeristin
- Kinder- und Jugendhypnosetherapeutin
- Simpson Protocol
- Life Puzzle Pro
- ECP Trainerin
- Mindperform Grënnerin